Ouljer Musik A.s.b.l.

125 Joer Ouljer Musek – Eng Traditioun déi verbënnt!

D'Joer 2029 steet bei eis ganz am Zeechen vun engem ganz besonnesche Jubiläum: Mir feieren eise 125. Anniversaire!

Zanter der Grënnung am Joer 1901 bréngt d'Ouljer Musek d'Leit duerch d'Freed um Musizéieren zesummen. Iwwer e ganzt Joerhonnert hu mir d'kulturellt an d'sozialt Liewen an eiser Gemeng begleet, Generatioune verbonnen an eng lieweg Gemeinschaft opgebaut. Dëse grousse Meilestee verdanke mir dem treien Asaz vun all eise Musikanten, Dirigenten, Memberen, Supporteren a Frënn vun eisem Veräin.

125 Joer – dat ass net just e Réckbléck op eng stolz Traditioun, mee och de Bléck no vir an eng dynamesch Zukunft voller Harmonie a gudder Stëmmung.

nach oben